Skip to main content
30.06.2024

Rotary Castle Tour 2024

Impressions 2023
Rotary Club Dikrich-Ettelbréck: Remise des Chèques vum Rotary Castle Tour
De Rotary Club Dikrech-Ettelbréck ënnerstëtzt Projeten am Domaine vun der Jugend, der Educatioun, dem Handicap an dem Sozialen zu Lëtzebuerg. Sou huet de Club Donen vun jeeweils 7500 EUR aus dem Benefice vum 14ten Rotary Castle Tour un dräi Associatiounen aus dësem Domaine de 20ten November am Sëtz vun CapitalatWork iwwerreecht. Dest waren de Päerdsatelier- Liewenshaff, d’ALAN-Maladies Rares an d’Stëmm vun der Strooss.
De 14ten Castle Tour huet de 25ten Juni 2023 statt fonnt an huet eng Rekord Bedeelegung vun iwwer 140 Autoe kannt. Doduerch konnten mir Donen vun insgesamt 22,500 EUR iwwerreechen, wat 5,000 EUR méi waren wéi d’Joer virdrun.
De Castle Tour vum Rotary Dikrech-Ettelbréck ass e Beispill vun Kontinuitéit an Zouverlässegkeet. Déi 1t Editioun wor 2009 an 2023 wor déi 14t Editioun, wat bedeit dass mir keng Editioun verpasst hun, souguer net am Joer vun der Pandemie.
Mir hunn eng grouss Ekipp vun iwwer 60 Leit den Dag vum Rallye am Asaz an et ass eis donieft gelonge laangfristeg Partner un eis ze bannen, notamment eisen Haaptsponsor CapitalatWork deem mir fir déi laangjäreg Ënnerstëtzung Merci soen.
Mir freeën eis elo schonns op eis Jubiläumseditioun, eise 15te Rallye deen den 30te Juni d’nächst Joer statt fënnt an am Zeeche vun der Kontinuitéit an der Zouverlässegkeet bestëmmt och rëm ee grousse Succès gëtt.
Paru dans